LU FR EN

Führerschäin vun der Kategorie A1

(Motorrad ≤ 125 cm3)



De Führerschäin vun der Kategorie A1 erlaabt folgend Gefierer ze fueren:

  • - Motorrad mat engem Hubraum ≤ 125 cm3, enger Leeschtung ≤ 11KW
    an mat engem Verhältnis Leeschtung/Gewicht ≤ 0,1 kW/kg;
  • - Mofa mat 2 oder 3 Rieder;
  • - Mofa mat 4 Rieder;
  • - Trike mat enger Leeschtung ≤ 15 KW

Mindestalter:

- 15 1/2 Joer.


Néideg Ënnerlagen fir den Antrag vum Führerschäin vun der Kategorie A1:

  • - En Attest vum Dokter (manner ewéi 3 Méint al);
  • - Eng rezent Passfoto (vu fir opgeholl) am Format 45 x 35mm;
  • - Fotokopie vun Ärem Ausweis;
  • - Fotokopie vun Ärem Führerschäin
    (wann Dir eng aner Kategorie hudd);
  • - E rezenten Extrait aus dem Casier vum Hierkonftsland
    wann Dir säit manner ewéi 5 Joer zu Lëtzebuerg wunnt an Volljäreg sidd.

wann Dir Mannerjäreg sidd:

  • - Eng Ënnerschrëft op der Demande vun engem Elterendeel;
  • - Fotokopie vum Ausweis vum Elterendeel.

Mindestunzuel un Theoriestonnen:

  • - 12 Stonnen;
  • - 6 Stonnen wann Dir en Führerschäin vun enger anerer Kategorie hudd.

Am Fall vun engem Echec am theoreteschen Examen, musst Dir
d'Halschent vun den erfuerderlechen Theorie Stonnen beleeën, éier Dir nees an den Examen kënnt goen.


Mindestunzuel un Prakteschstonnen:

  • - 16 Stonnen;

Am Fall vun engem Echec am prakteschen Examen, musst Dir 8 Stonnen fueren, éier Dir nees an den Examen kënnt goen.


Austellung vum Führerschäin :

Nodeems Dir de prakteschen Examen gepackt hudd, kritt Dir en Dokument
deen erlaabt Iech e Gefier vun der Kategorie A1 um nationalen Territoire ze fueren,
éier Dir den Führerschäin bannent 2 Wochen kritt.