LU FR EN

Führerschäin vun der Kategorie A2

(Motorrad ≤ à 35 kW)



De Führerschäin vun der Kategorie A2 erlaabt folgend Gefierer ze fueren:

  • - Motorrad mat enger Leeschtung ≤ 35 kW an mat engem Verhältnis Leeschtung/Gewicht ≤ 0,2 kW/kg.
    (ongedrosselt däerf d'Leeschtung 70 kW net iwwerschreiden);
  • - Mofa mat 2 oder 3 Rieder;
  • - Mofa mat 4 Rieder;
  • - Trike mat enger Leeschtung ≤ 15 KW

Mindestalter:

- 17 1/2 Joer.


Néideg Ënnerlagen fir den Antrag vum Führerschäin vun der Kategorie A2:

  • - En Attest vum Dokter (manner ewéi 3 Méint al);
  • - Eng rezent Passfoto (vu fir opgeholl) am Format 45 x 35mm;
  • - Fotokopie vun Ärem Ausweis;
  • - Fotokopie vun Ärem Führerschäin
    (wann Dir eng aner Kategorie hudd);
  • - E rezenten Extrait aus dem Casier vum Hierkonftsland
    wann Dir säit manner ewéi 5 Joer zu Lëtzebuerg wunnt an Volljäreg sidd.

wann Dir Mannerjäreg sidd:

  • - Eng Ënnerschrëft op der Demande vun engem Elterendeel;
  • - Fotokopie vum Ausweis vum Elterendeel.

Mindestunzuel un Theoriestonnen:

  • - 12 Stonnen;
  • - 6 Stonnen wann Dir en Führerschäin vun enger anerer Kategorie hudd.

Am Fall vun engem Echec am theoreteschen Examen, musst Dir
d'Halschent vun den erfuerderlechen Theorie Stonnen beleeën, éier Dir nees an den Examen kënnt goen.


Mindestunzuel un Prakteschstonnen:

  • - 16 Stonnen;
  • - 10 Stonnen wann Dir e Führerschäin vun der Kategorie A1 hudd
    (dëst gëlt net fir Besetzer vun engem Führerschäin vun der Kategorie B mam Code 100);

Am Fall vun engem Echec am prakteschen Examen, musst Dir 8 Stonnen fueren, éier Dir nees an den Examen kënnt goen.

Erweiderung vun A1 op A2:

De Kandidat muss de Führerschäin vun der Kategorie A1 säit op d'mannst 2 Joer hunn.
Eng theoretesch an praktesch Formatioun vun 7 Stonnen as erfuerderlech,
awer ouni theoreteschen oder prakteschen Examen!


Austellung vum Führerschäin :

Nodeems Dir de prakteschen Examen gepackt hudd, kritt Dir en Dokument
deen erlaabt Iech e Gefier vun der Kategorie A2 um nationalen Territoire ze fueren,
éier Dir den Führerschäin bannent 2 Wochen kritt.