LU FR EN

Führerschäin vun der Kategorie F

(Trakter)



De Führerschäin vun der Kategorie F ass erfuerderlech fir folgend Gefierer ze fueren:

Wann Dir nach net 18 Joer al sidd:

  • - Trakter deen hächstens 40km/h leeft;
  • - Aarbechtsmaschinn mat enger Eegemass vu ≤ 600kg
    an ouni 25km/h ze iweerschreiden;
  • - Mofa mat 2 oder 3 Rieder;
  • - Mofa mat 4 Rieder.

Wann Dir op mannst 18 Joer al sidd:

  • - Trakter an Héichgeschwindegkeets-Trakter (TGV);
  • - Aarbechtsmaschinn mat enger Eegemass vu ≤ 12000kg;
  • - Aarbechtsmaschinn mat enger maximal zulässlecher Gesamtmass (MMA) >12000 kg,
    virausgesat datt d'Vitesse 25 km/h net iwwerschreit
    an nëmmen ronderëm dem Schantjen;
  • - Mofa mat 2 oder 3 Rieder;
  • - Mofa mat 4 Rieder.

Mindestalter:

- 15 1/2 Joer.


Néideg Ënnerlagen fir den Antrag vum Führerschäin vun der Kategorie F:

  • - En Attest vum Dokter (manner ewéi 3 Méint al);
  • - Eng rezent Passfoto (vu fir opgeholl) am Format 45 x 35mm;
  • - Fotokopie vun Ärem Ausweis;
  • - Fotokopie vun Ärem Führerschäin
    (wann Dir eng aner Kategorie hudd);
  • - Eng speziell Léierversécherung fir den Trakter
    op deen Dir Är praktesch Ausbildung wëllt maachen.

wann Dir Mannerjäreg sidd:

  • - Eng Ënnerschrëft op der Demande vun engem Elterendeel;
  • - Fotokopie vum Ausweis vum Elterendeel.

Mindestunzuel un Theoriestonnen:

  • - 12 Stonnen;
  • - 6 Stonnen wann Dir en Führerschäin vun enger anerer Kategorie hudd.

Am Fall vun engem Echec am theoreteschen Examen, musst Dir
d'Halschent vun den erfuerderlechen Theorie Stonnen beleeën, éier Dir nees an den Examen kënnt goen.


praktesch Formatioun:

Nodeems Dir den theoreteschen Examen gepackt hudd, dierf Dir den Trakter op der Strooss fueren,
fir Iech op Ären prakteschen Examen virzebereeden.

Fir de Führerschäin vun der Kategorie F ze kréien musst dir de prakteschen Examen mat Ärem eegen Trakter bestoen.


Néideg Dokumenter an techneschen Ekipement :

  • - Ausweis;
  • - Zertificat d'Apprentissage;
  • - Zouloossungsbescheinegung vum Trakter (Gro Kart);
  • - Versécherung (Haftflicht) vum Trakter;
  • - speziell Léierversécherung;
  • - Steiervignette;
  • - Sécherheetsvest;
  • - Sécherheetsdräieck.

Austellung vum Führerschäin :

Nodeems Dir de prakteschen Examen gepackt hudd, kritt Dir en Dokument
deen erlaabt Iech e Gefier vun der Kategorie F um nationalen Territoire ze fueren
éier Dir den Führerschäin bannent 2 Wochen kritt.