LU FR EN

Führerschäin vun der Kategorie B

(Auto)



De Führerschäin vun der Kategorie B erlaabt folgend Gefierer ze fueren:

  • - Auto mat bis zu 9 Sëtzplazen (mam Chauffeur dobäigerechent)
    woubäi seng Gesamtmass net méi héich dierf sinn ewéi 3500 kg;
  • - Camionnette;
  • - Taxi (no der Stagezäit);
  • - Arbeschtsmaschin ≤ 12 000 kg;
  • - Trakter;
  • - Mofa mat 2 oder 3 Rieder;
  • - Quad;
  • - Unhänger mat enger maximal zulässlecher Gesamtmass (MMA) vun hächstens750 kg
    (och wann gekoppelt Gefierer méi ewéi 3500 kg weien);
  • - Unhänger mat enger maximal zulässlecher Gesamtmass (MMA) iwwer 750 kg
    (virausgesat datt gekoppelt Gefierer manner ewéi 3500 kg weien).

Mindestalter:

- 17 1/2 Joer.


Néideg Ënnerlagen fir den Antrag vum Führerschäin vun der Kategorie B:

  • - En Attest vum Dokter (manner ewéi 3 Méint al);
  • - Eng rezent Passfoto (vu fir opgeholl) am Format 45 x 35mm;
  • - Fotokopie vun Ärem Ausweis;
  • - Fotokopie vun Ärem Führerschäin
    (wann Dir eng aner Kategorie hudd);
  • - E rezenten Extrait aus dem Casier vum Hierkonftsland
    wann Dir säit manner ewéi 5 Joer zu Lëtzebuerg wunnt an Volljäreg sidd.

wann Dir Mannerjäreg sidd:

  • - Eng Ënnerschrëft op der Demande vun engem Elterendeel;
  • - Fotokopie vum Ausweis vum Elterendeel.

Mindestunzuel un Theoriestonnen:

  • - 12 Stonnen;
  • - 6 Stonnen wann Dir en Führerschäin vun enger anerer Kategorie hudd.

Am Fall vun engem Echec am theoreteschen Examen, musst Dir
d'Halschent vun den erfuerderlechen Theorie Stonnen beleeën, éier Dir nees an den Examen kënnt goen.


Mindestunzuel un Prakteschstonnen:

  • - 16 Stonnen;

Am Fall vun engem Echec am prakteschen Examen, musst Dir 8 Stonnen fueren, éier Dir nees an den Examen kënnt goen.


Austellung vum Führerschäin :

Nodeems Dir de prakteschen Examen gepackt hudd, kritt Dir en Führerschäin vun der Kategorie B
deen 2 Joer gülteg ass.