LU FR EN

Führerschäin vun der Kategorie BE

(Unhänger >750kg)



De Führerschäin vun der Kategorie BE ass erfuerderlech fir folgend Gefierer ze fueren:

  • - Unhänger, maximal zulässlecher Gesamtmass (MMA) vun de gekoppelte Gefierer
    (Gefier + Unhänger) muss zwëschen 4250 kg an 7000 kg leien.

    Allerdéngs:
    • - D'maximal zulässlech Gesamtmass vum Auto dierf net iwwer 3500 kg leien;
    • - D'maximal zulässlech Gesamtmass vum Unhänger dierf net iwwer 3500 kg leien.

Néideg Ënnerlagen fir den Antrag vum Führerschäin vun der Kategorie BE:

  • - Eng rezent Passfoto (vu fir opgeholl) am Format 45 x 35mm;
  • - Fotokopie vun Ärem Ausweis;
  • - Fotokopie vun Ärem Führerschäin;

Formatioun:

  • - 2 theoretesch Stonnen an 4 praktesch Stonnen;

Den theoreteschen Examen gëtt de selwechten Dag ewéi de prakteschen Examen ofgehalen.